
4 Persoune goufen dobäi verwonnt, eng huet esouguer missen aus dem Auto erausgeschnidde ginn. E puer Ambulanzen, de Samu an d'Pompjeeë vu Péiteng a Käerjeng waren op der Plaz.
Kuerz no 4 Auer e Mëttwoch de Moie krut en Automobilist um CR339 tëscht Hengescht a Kaalber e Bam ze paken a gouf dobäi blesséiert. Am Asaz waren d'Pompjeeë vu Klierf a Wäiswampech, de Samu an d'Ambulanz vun Housen.
Weider Accidenter mellt den 112 en Dënschdeg den Owend zu Péiteng an op der A7. Am Süde vum Land huet et géint 19.30 Auer op der Place du Marché geknuppt. De Bilan sinn hei 2 Blesséierter. 2 Ambulanze vu Suessem/Déifferdeng waren op der Plaz, wéi och d'Pompjeeë vu Péiteng.
Op der A7 a Richtung Stad gouf et géint 23 Auer eng Kollisioun. 2 Persoune sinn hei verwonnt ginn. D'Pompjeeë vu Miersch, Colmer-Bierg a Schieren an 2 Ambulanze vun Ettelbréck ware sur place.