CGDIS4 Blesséierter bei 3 Accidenter an der Nuecht op e Samschdeg

RTL Lëtzebuerg
Um Freideg den Owend an an der Nuecht op e Samschdeg koum et zu Accidenter zu Gaasperech, zu Esch an tëscht Nidderfeelen a Mäerzeg.
© RTL-Archiv

Tëscht der Cloche d'Or a Leideleng gouf eng Persoun blesséiert, well en Auto géint 19.30 Auer op d'Kopp geroden ass.

Kuerz viru Mëtternuecht krut am Rond-point Rämerech zu Esch en Auto e Bam ze paken. Hei goufen zwou Persoune blesséiert.

An tëscht Nidderfeelen a Mäerzeg ass kuerz virun 2 Auer um Sonndeg de Moien och en Auto géint e Bam gerannt, hei gouf et ee Blesséierten.

Zu Bouneweg an zu Fréiseng huet et op enger Terrasse gebrannt. Feier gouf et dann och an engem Trapenhaus op der Stater Gare. Blesséiert gouf op dëse Plaze keen.

Back to Top
CIM LOGO