
D'Automobiliste goufen tëscht 23.45 an 3.45 Auer kontrolléiert. Am Ganze goufen 361 Fuerer ugehalen, och ouni Indice op en alkoholiséierten Zoustand. A 14 Fäll war den Otemtest positiv, 4 Leit hunn hire Fürerschäin missen op der Plaz ofginn.
Géint 00.50 Auer gouf der Police e Gefier tëscht Briddel a Stroosse gemellt. De Chauffer huet positiv op den Ethylotest an Ethylometer reagéiert. De Fürerschäin gouf agezunn an den Automobilist protokolléiert.
An der Nuecht op e Samschdeg ass de Beamte vun der Police e Liwwerwon opgefall, deen ëm 3.30 Auer däitlech ze séier am Val de Hamm ënnerwee war. Och hei hat de Fuerer ze déif an d'Glas gekuckt. Um Boulevard General Patton konnt den alkoholiséierte Mann gestoppt ginn. E gouf protokolléiert an ass säi Fürerschäin lass.