
Aktuell sinn 80 Persounen hospitaliséiert, dovunner 16 op der Intensivstatioun.
Den Ament ginn et 2.982 aktiv Infektiounen a 51.064 Persoune gëllen als geheelt.
823 Persoune kruten en Dënschdeg hir 1. Dosis, fir 622 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 33.370 Dosisse gesprëtzt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,06. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.