
Aktuell si 79 Persounen hospitaliséiert, dovunner 16 op der Intensivstatioun.
Den Ament ginn et 2.613 aktiv Infektiounen an 50.931 Persoune gëllen als geheelt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,05. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.