
Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vun 3 positiv geteste Patienten. Dat sinn der elo am Ganze 4.049. Vun den Infizéierte sinn der 3.271 Residenten. Den Duerchschnëttsalter vun de Persounen, déi positiv getest goufen, läit bei 46 Joer.
Den Duerchschnëttsalter vun den 110 Doudesaffer läit bei 84 Joer, d'Altersmediane bei 84 Joer. 56 Prozent si Männer, 44 Prozent Fraen. 66 Prozent vun den Doudesaffer sinn an der Klinick gestuerwen.
Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 91.203 Tester gemaach. Vun en Dënschdeg op e Mëttwoch ass dat eng Hausse vun 2.289 Tester, vun deene wéi gesot 3 positiv waren.
Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et nach 35 aktiv Infektioune ginn an 3.904 Persoune gëllen als geheelt.
Aktuell si 36 (+7) Patienten hospitaliséiert (dorënner och Verdachtsfäll, dat heescht Persounen, déi nach op hiert Resultat vum Test waarden), 1 (-1) dovun op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 938 (+3) Mënschen d'Spidol nees verloossen.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,770 . Dat bedeit, datt eng Persoun, déi de Virus kritt, am Duerchschnëtt manner wéi eng aner Persoun infizéiert.
