
D'Police gouf en Dënschdeg wéinst engem falsch geparktenen Auto an d'Rue du Centre op Kielen geruff. De Mann, deen een aneren Auto zougeparkt hat, krut ee provisorescht Fuerverbuet, well en ze vill Alkohol am Blutt hat. Säin Auto gouf saiséiert.
En Dënschdeg den Owend ass et géint 20 Auer zu enger verbaler Ausernanersetzung tëschent zwee Foussgänger an engem Chauffeur an der Rue Emile Mark zu Déifferdeng komm. Nodeems sech alles berouegt hat, ass de Mann am Auto fortgefuer an huet bal ee vun de Foussgänger an der Rue John Ernest Dolibois ugestouss. De Foussgänger konnt auswäichen, huet sech allerdéngs blesséiert. Den Mann ass an een hëlzene Potto gerannt. Doropshi koum et zu enger Kläpperei tëschent den 3 Männer. Wéi sech erausgestallt huet, hat hien iwwer 1,2 ‰ Alkohol intus. Eng Plainte gouf gemaach an den Accident gouf protokolléiert.
Bei enger Kontroll an der Rue de Remich zu Sandweiler hunn d'Beamten een Autofuerer mam Verdacht op Drogekonsum ugehalen. Den Drogeschnelltest war positiv an am Auto goufen 13 Gramm Marihuana an zwee Grinder fonnt a saiséiert. De Mann gouf protokolléiert.