
Deem war virgehäit ginn, am Dezember zu Uewerkuer säi klengen Hond vu 4 Méint sou uerg geschloen ze hunn, dass dee knapp 11 Stonnen drop gestuerwe war. An den Ae vum Vertrieder vum Parquet hätt de Beschëllegten net d'Qualitéiten, fir en Déier ze halen.
Vun der 1. Ausso un „Ech weess net, wat ech Iech soe soll! Ech hunn him der just zwou ginn, moies fréi!“ hat de Beschëllegte keng gutt Kaarte beim President vum Geriicht. „D.h. et ass eng verschwonnen zanter Dezember!? Wa mer nach 6 Méint waarden, dann hutt Der dem Hond nach just eng ginn!?“, huet de Riichter dozou bemierkt. Mat der Remark, dass hien de Mupp geschloen huet, well dee seng Pampers verluer hat, huet de Mann seng Positioun definitiv net verbessert. „Ass dat de Grond, dass en der krut?“ - „Ech hunn net ze fest geschloen!“ - „Et ass vläicht net dat Bescht, dass Dir en Déier haalt! Et ass sech och ze froen, ob Dir den Hond net méi geschloen hutt!?“ - „Zwou bis 3 huet en der kritt, net méi!“ - „Hutt Der nach en Déier?“ - „Just Goldfësch!“ - „Hunn déi da genuch Waasser?“ war de weideren Dialog tëscht dem President vum Geriicht an dem Ugekloten.
Do virdru war d'Veterinärin gehéiert ginn, déi Plainte gemaach hat, well de Mann hir net erkläre konnt, firwat et dem Hond sou schlecht goung. Moies hätt de Beschëllegten ugeruff, well den Hond net gutt ootme kéint; der Déierendoktesch no gouf e Rendez-vous am fréien Owend ausgemaach, ma an der Mëttesstonn hätt de Mann ugeruff, dass hien éischter komme misst. D'Veterinärin hat beim Mupp eng schwéier Otemnout festgestallt an him Medikamenter ginn, déi awer näischt gedingt hätten; 45 Minutten dono wär d'Déier gestuerwen, un enger „Hémorragie coronaire“, déi wuel op en Trauma zréckzeféiere wär.
De Vertrieder vum Parquet huet nach vun engem besonnesch graven Dossier vun Déierequälerei geschwat an un d'Strofen erënnert, déi dofir am Gesetz stinn: eng Prisongsstrof vun tëscht 8 Deeg an 3 Joer, eng Geldstrof vun 251 bis 200.000 € an e Verbuet vun tëscht 3 Méint a 15 Joer, fir Déieren ze halen.
D'Urteel gëtt de 25. Juni gesprach.