Uechtert d'Land3 Liichtblesséierter bei Accidenter e Méindeg de Mëtteg

RTL Lëtzebuerg
An der Mëttesstonn krute sech 2 Gefierer zu Zéisseng an der Rue de Cessange ze paken.

1 Persoun gouf dobäi liicht blesséiert. Am Asaz waren d'Stater Pompjeeën an d'Stater Ambulanz.

Geknuppt hat et géint 14.15 Auer zu Stroossen op der Areler Strooss. Hei sinn 2 Autoen net laanschtenee komm. De Bilan bei dësem Accident ass 1 Liichtblesséierten. D'Ambulanz an d'Pompjeeën aus der Stad waren op der Plaz.

Ëm 15.15 Auer gouf et och e Verkéiersaccident zu Esch an der Rue Mathias Koener. Am Coup waren hei 2 Gefierer. 1 Persoun gouf liicht verwonnt. Sur place waren d'Escher Ambulanz a Pompjeeën.

Back to Top
CIM LOGO