Coronavirus zu Lëtzebuerg3 Doudesaffer, 570 Positiver bei 5.750 Tester

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 879 läit.
© RTL-Grafik

Aktuell sinn 63 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 12 Patienten op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 920.149 Impf-Dosisse genotzt. 6.055 Leit sinn e Mëttwoch geimpft ginn.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,05. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO