CGDIS3 Camionnetten zu Käerjeng verbrannt, 1 Blesséierte bei Brand zu Bouneweg

RTL Lëtzebuerg
Am Lokale gouf et ee Blesséierten en Dënschdeg den Owend bei engem Brand an engem Appartement an der rue du Pont Remy zu Bouneweg.

D’Pompjeeën aus der Stad, vun Hesper a vun Diddeleng waren am Asaz.

Zu Käerjeng, op Zaemer, hunn en Dënschdeg den Owend dann direkt 3 Camionnettë gebrannt. Et blouf beim Materialschued. D'Pompjeeë vu Käerjeng, Péiteng an Dippech waren op der Plaz, grad ewéi d'Ambulanze vu Suessem a vun Esch.

Beim Materialschued blouf et och bei engem Feier an engem Café zu Monnerech, an engem Containerbrand zu Noumer.

Back to Top
CIM LOGO