
Géint 7.20 Auer sinn zu Diddeleng an der route de Noertzange 2 Autoen anenee gerannt. D'Pompjeeën an d'Ambulanz vun Diddeleng waren op der Plaz.
Kuerz virun 8 Auer huet et tëscht Keel an Näerzeng gerabbelt. Och hei sinn 2 Autoen net laanschtenee komm. D'Pompjeeë vu Keel an d'Ambulanz vun Diddeleng waren op der Plaz.
Kuerz virun 9 Auer ass et am Rollengergronn an der Stad zu engem Accident komm. D'Pompjeeën an d'Ambulanz aus der Stad waren am Asaz.
Bei allen 3 Accidenter gouf jeeweils 1 Persoun blesséiert.