
Um 12.50 Auer war de Samu op d'Streck tëscht Konsdref an Chrëschtnech geruff ginn. Hei haten en Auto an e Moto sech ze pake kritt an et goufen zwou Persoune verwonnt.
Géint 14.10 Auer gouf et ee Blesséierten. Tëscht dem Karelshaff an Uewerfeelen war e Won an eng Leitplank gerannt.
E Freideg den Owend gouf et géint 22.30 Auer um Boulevard de la Foire an der Stad en Accident. Hei gouf eng Persoun vun engem Bus ugestouss an dobäi blesséiert.