
Um CR102 tëscht Miersch a Schëndels koum et kuerz no 8 Auer zu enger Kollisioun vun 2 Autoen, och hei ass eng Persoun blesséiert ginn.
Op der A3 Direktioun Stad tëscht dem Gaasperecher Kräiz an dem Rond-point Gluck sinn e Camion an en Auto net laanschtenee komm. An och hei gouf eng Persoun verwonnt.
An zu Esch hat et gebrannt, dat géint 6.40 Auer e Méindeg de Moien. Hei hat Isolatiounsmaterial Feier gefaangen.