Aus den offiziellen Nationalitéite-Statistike vun zejoert ass et net erauszeliesen. Ma wien den nationale Persouneregëster ënnert d’Lupp hëlt, deem fält op, datt tëscht Enn 2024 an Enn 2025 d’Zuel vu Lëtzebuerger an den USA vu 17.380 op 20.954 geklommen ass. Ëmsou méi stutzeg maachen d’Statistike vum Justizministère: do sti fir zejoert just 657 nei Lëtzebuerger aus den USA.
Ëm e Feeler an den Zuelen handelt et sech hei net. Déi ronn 3.000 Lëtzebuerger sinn net an den Nationalitéite-Statistiken erfaasst, well si u sech schonn ëmmer Lëtzebuerger waren. “Zu Lëtzebuerg ginn et am Fong zwou Aart a Weisen, wéi s de Lëtzebuerger gëss”, erkläert d’Justiministesch Elisabeth Margue am RTL-Interview. “Dat eent ass iwwert d’Gesetz, well d’Gesetz virgesäit, dass de zu enger gewëssen Zäit an enger gewësser Situatioun Lëtzebuerger bass. An dat Zweet ass, wann s de en Acte de volonté méchs.”
Den “Acte de volonté” bedeit, datt een d’Nationalitéit am Justizministère ufreet. Sief et duerch d’Naturalisatioun, d’Optioun oder de Recouvrement. Genee dat hunn déi 657 “nei” US-Lëtzebuerger gemaach, déi an den offiziellen Nationalitéitsstatistiken erfaasst sinn.
All déi aner waren dem Gesetz no schonn ëmmer Lëtzebuerger, si goufe just eréischt an den offiziellen Zuele registréiert, well se a Kontakt ware mat enger Lëtzebuerger Administratioun an hir Nationalitéit dokumentéiert hunn. Och ginn dëse Persounen hir Kanner da mat am nationale Persouneregëster erfaasst.
Dem Nationalitéitegesetz no ass eng Persoun automatesch Lëtzebuerger:
Ausserdeem ass et esou, datt d’Nationalitéit deem Gesetz ënnerläit, dat zu dem Moment applikabel war, wéi eng Persoun op d’Welt komm ass. “Dat heescht, et sinn déi dräi Artikelen, déi ee muss zesumme liesen, déi maachen, datt eng ganz Rei Leit Lëtzebuerger sinn, ouni datt se am Fong geholl, direkt wëssen oder mir wëssen, datt se Lëtzebuerger sinn”, seet d’Elisabeth Margue.
157.000 Lëtzebuerger liewen am Ausland. Wéi vill weiderer et sinn, déi den Ament net erfaasst sinn, ass schwéier anzeschätzen. Schonn eleng, well d’Elteren d’Nationalitéit eben automatesch weider un d’Kanner ginn. Fakt ass: si kënne mat wielen an zu all Moment an de Grand-Duché wunnen a schaffe kommen.
Déi vill nei Lëtzebuerger kéinten eng Opportunitéit fir d’Land sinn, seet den Daniel Atz. Hie krut d’Nationalitéit viru Joren iwwer seng Urgroussmamm an hëlleft zanterhier aneren US-Amerikaner Lëtzebuerger ze ginn, respektiv hir Lëtzebuergesch Nationalitéit ze etabléieren. D’Nofro wär grouss. Et misst een awer och eng éierlech Debatt an der Chamber an an der Gesellschaft féieren. “Net just doriwwer, wat et bedeit Lëtzebuerger ze sinn, mee och 50.000 Mënsche vun aneren Deeler vun der Welt ze integréieren, déi aner Valeuren an eng aner Educatioun hunn.”
Natierlech misst ee sech als Gesellschaft ëmmer nees mat der Fro beschäftegen, wat eng Nationalitéit duerstellt a wéi de Lien mam Land ausgelieft gëtt, fënnt och d’Justizministesch. A wéi enge Konditioune se ënnerläit. Dat wär der Politik hir Aufgab, fir sech doriwwer Gedanken ze maachen. Dofir géif d’Nationalitéitegesetz reegelméisseg reforméiert ginn. Fir d’Lescht war dat 2017.
D’Méiglechkeet d’Lëtzebuerger Nationalitéit iwwer ee Virfar ze recouvréieren, deen am Joer 1900 Lëtzebuerger war, ass Enn zejoert ausgelaf. Ob et nees un der Zäit wär d’Nationalitéitegesetz ze iwwerschaffen, doriwwer denkt d’Justizministesch grad no. “Et ass awer, muss ech soen, ee ganz wichtegen a ganz sensibele Sujet, och well et eis awer als Gesellschaft alleguerten impaktéiert, well mir eis jo all déi Fro stellen: wien ass eist Land, wie sinn d’Lëtzebuerger, déi hei zu Lëtzebuerg, wunnen.”
Sollt si nach dës Legislaturperiod eng Reform ugoen, da just am Konsens an am Dialog mat deenen anere Parteien, betount d’Elisabeth Margue.
Et misst ee sech d’Fro stellen, wéi ee mat de Lëtzebuerger am Ausland mam Walrecht ëmgeet. Dat sot iwwerdeems den Ausseminister Xavier Bettel rezent als Invité vun der Redaktioun.