
Géint 6:20 Auer ass et am Grenzberäich vun der Diddelenger Autobunn A3 a Richtung Lëtzebuerg zu engem Accident tëscht engem Auto an engem Moto komm. Nieft dem Samu waren d'Rettungsdéngschter vun Diddeleng an d'Ambulanz vu Beetebuerg op der Plaz. Eng Persoun ass blesséiert an d'Spidol gefouert ginn. Am Beruffstrafic hat et wäit a Frankräich zréckgestaut.
Kuerz viru 7:00 Auer war et an der Jonctioun Gréngewald vun der Tréierer Autobunn A1 zu engem Accident komm, wéi en Automobilist a Richtung Kierchbierg erausfuere wollt. D'Pompjeeë vu Jonglënster an Nidderaanwen-Schëtter waren op der Plaz, grad esou wéi eng Ambulanz aus der Stad, fir nom blesséierte Chauffer ze kucken. Och hei hat et vill gestaut.
Kuerz no 10:30 Auer hat donieft zu Miedernach an der Dikrecher Strooss en Trafo Feier gefaangen. D'Pompjeeën aus der Fiels an aus dem Ärenzdall hu sech drëms gekëmmert.