
E Mëttwochmoie waren d'Internetsäite vum Staat, wéi zum Beispill "guichet.lu" zäitweis net erreechbar.
Wéi den informateschen Déngscht vum Staat, de CTIE RTL op Nofro hi confirméiert huet, hätt een effektiv kuerz no néng Auer en technesche Problem festgestallt, deen en Impakt op déi extern Internetsäite vum Staat hat. Grond wier en technesche Problem bei der Kommunikatioun tëscht dem informatesche Reseau vum Staat an dem Internet gewiescht. Aktuell hätt ee keen Hiweis op eng Cyberattack.
Et wier een amgaangen, de Probleem ze léisen an e wier deelweis och scho geléist. "Guichet.lu" ass aktuell - Stand 11:35 Auer e Mëttwochmoien och nees ze erreechen.