
D'Pandemie hat net nëmmen negativ Säiten. Eng rezent Etüd, déi de Landwirtschaftsministère an Optrag ginn hat, weist, datt 29 Prozent vun de Befroten hiert Kafverhale geännert hunn. Dës Entwécklung soll weiderhi bäibehale ginn, ënnert aneren mam Projet: 'Natur genéissen - Mir iessen regional, bio a fair'. D'Gemeng Ierpeldeng un der Sauer ass Deel vun dëser Initiativ.
An der Maison Relais zu Ierpeldeng wäerten déi Ronn 135 Kanner an Zukunft méi regional, saisonal a fair Produiten z'iesse kréien. Déi kléng schneeken natierlech gären, freeë sech awer och op gesond Liewensmëttel.
"Ech iessen am léifste Fritten, Kamellen, Paprika a soss nach gesond Saachen. Geméis an Uebst. Ech iesse gäre Fritten an Zalot an och nach Hammbieren."
Natur genéissen ass e Projet vum Naturschutz Syndicat Sicona. Zil: déi lokal Produite vun de Baueren ënnerstëtzen. Dëst andeems se an de Maisons Relaise vun de Partnergemengen agesat ginn. Sou solle souwuel den Naturschutz vun de landwirtschaftleche Flächen, wéi och eng gesond Ernährung fir Kanner ënnerstëtzt ginn, esou de Gerard Anzia, President vun der Zentrum Sektioun vum Syndikat.
"De pedagogesche Volet, gesond Ernährung an och bëssen e Gefill kréie fir Iessen, Liewensmëttel a sech domat auserneesetzen, wéi gi se produzéiert, an dofir setze mir ebe beim Projet op regional produzéiert Liewensmëttel, ënnert Oplagen, ënnert Krittären, déi fir jiddereen novollzéibar sinn an déi och e Méiwäert fir den Naturschutz hunn."
Mat zwou Pionéier-Gemengen huet de ganze Projet 2016 ugefaangen. D'Gemeng Ierpeldeng ass déi 21., déi sech uschléisst. Iwwer 7.000 Moolzechte ginn am Ganze verdeelt. Dat verlaangt eng detailléiert Preparatioun. D'Gemenge mussen an hirer Virbildfunktioun Hand an Hand mat de lokale Baueren zesummeschaffen. Eng Aarbecht, déi zesummeschweesse kann, esou d‘Ëmweltministesch Carole Dieschbourg.
"Wa mir jonke Leit hei bäibréngen an de Maisons Relaisen, an deene Strukturen, wou se ëmmer sinn, dass mir selwer kënne mat definéiere wéi faarweg eis Landschafte kënne sinn, wat mir kënnen hei produzéieren an de Baueren e Grond ginn, mat méi Biodiversitéit ze schützen, da kréie mir mengen ech déi 2 Enner uneneen."
Den Ëmweltministère ënnerstëtzt 'Natur genéissen' iwwert déi nächst 5 Joer mat 2,7 Milliounen Euro.