Police27 Verstéiss bei enger Verkéierskontroll zu Walfer

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg de Moien um 7 Auer gouf et eng annerhallef Stonn laang Kontroll un der N7, Route de Diekirch zu Walfer.
© RTL (Archiv)

Dobäi huet d'Police am Ganze 27 Protokoller wéinst verschiddene Verstéiss am Stroosseverkéier ausgestallt, bei där ënner anerem dorop opgepasst gouf, ob d'Chauffeuren hire Smartphone wärend dem Fuere benotzen, ob een de Sécherheetsgurt unhuet an ob ee sech och soss un de Code de la Route hält:

An 8 Fäll huet de Chauffeur wärend dem Fuere säi Smartphone benotzt. 12 Mol war de Sécherheetsgurt net ugeluecht ginn. 7 Chauffeure sinn onerlaabt vun der Rue Charles Rausch an d'Route de Diekirch agebéit.

Donieft gouf och d'Anhale vun de gesetzleche Mesuren a Relatioun mam Coronavirus am ëffentlechen Transport kontrolléiert. An engem vu véier Linnebusser hat just eng Persoun d'Maskeflicht net agehalen. De Mann konnt sech net ausweisen, wouropshin hien d'Beamten huet misse mat op de Policebüro begleeden, fir dass seng Identitéit huet kënne festgestallt ginn. D'Iwwerpréiwung huet erginn, dass de Mann sech ouni gülteg Ausweispabeieren am Land opgehalen huet. Doropshi gouf e Protokoll erstallt an déi zoustänneg Autoritéite goufe verstännegt. De Parquet huet eng erkennungsdéngschtlech Behandlung vun der Persoun ugeuerdent.

Back to Top
CIM LOGO