Lëtzebuerger Finanzplaz22 Banquieren hunn 2019 méi ewéi eng Millioun Euro verdéngt

RTL Lëtzebuerg
Dat geet aus dem Relevé vun der europäescher Bankenautoritéit (EBA) ervir.

Wéi Paperjam schreift, ass dat ee Banquier-Millionaire manner ewéi d’Joer virdrun a Lëtzebuerg wier och net an der Spëtzt vum Peloton vu Banquieren, déi vill verdéngen.

Mat 3.519 Groussverdénger-Banquieren ass d’Londoner Finanzplaz op éischter Plaz. Hannendru kommen Däitschland (492) a Frankräich (270).

Back to Top
CIM LOGO