Covid-Kontrolle vun der Police215 Persounen hu sech net un d'Reegele gehalen an hu misse bezuelen

RTL Lëtzebuerg
Tëscht dem 26.12. an dem 03.01. huet d'Police am Ganze 400 Kontrollen am Kader vun de Covid-19-Restriktioune gemaach.

Ronn 75% vun de Kontrollen hu sech op d'Ausgangsspär bezunn, déi jo vun 21 Auer un a Kraaft trëtt. Ma och déi sanitär Konzepter beim Akafen an d'Reegele beim Treffe vu Leit am ëffentleche Raum oder bei engem privat Doheem waren am Fokus.

Am Ganzen hunn 215 Persoune missten e Protokoll bezuelen, dat gréisstendeels, well sech net un de Couvre-Feu gehale gouf. 22 Fäll goufen et dann, wou sech gréisstendeels Mannerjäreger net un déi sanitär Virschrëfte gehalen hunn.

Déi genee Reegele kann een am Detail nach eemol hei noliesen.

Back to Top
CIM LOGO