
Op der 1. Plaz vum „Human Development Index“ läit Norwegen, virun der Schwäiz an Irland; Däitschland ass 4., d'Belsch 17. a Frankräich 26., iwwerdeems den Niger 189. a Leschten ass. D'Liewenserwaardung bei der Gebuert läit am Grand-Duché iwwregens bei 82,1 Joer.
Am Human Development Report, deen d'UNO all Joer opstellt, ginn 189 unerkannte Länner oder Territoiren analyséiert. De Mënsch-Entwécklungsindex soll d'Progrèsen a folgenden 3 Beräicher moossen: 1. Liewenserwaardung a Gesondheet, 2. Zougang zu Wëssen an 3tens dezente Liewensstandard.
Den Index vum Grand-Duché läit 2018 bei 0.909. Wat enger ganz héijer Entwécklung entsprieche géif, esou de Rapport. D'Moyenne vun den OECD Länner läit bei 0.89. Zanter 1990 hätt Lëtzebuerg sech ëm 15% verbessert. D'Liewenserwaardung wär ëm 6.9 Joer geklommen. D'Duerchschnëttszäit vun der Scolarisatioun wär ëm 3.4 Joer méi héich an d'National Brutto Akommes pro Awunner hätt sech an deenen 28 Joer ëm 9% verbessert.
Allerdéngs maskéiert de Mënsch-Entwécklungs-Index d'Ongläichheeten bei der Verdeelung vun der Entwécklung. Consideréiert een dës, gëtt d'Bild en anert: Lëtzebuerg verléiert da bal 10% Punkten. Éisterräich an Island, Länner, déi dem Rapport no vergläichbar mat Lëtzebuerg wieren, verléieren dogéint just knapp 8, respektiv 6% Punkten.
Besonnesch an d'A stécht d'Inegalitéit vum Akommes, déi bei 16,6% leien, zwar ëmmerhin nach gutt 3% ënner deem vun der OECD Moyenne. Wat d'Ongläichheet vun der Educatioun ugeet, zéie mer mat 8% gläich mat der Moyenne vun den OECD Länner.
Aus dem Rapport geet ënner anerem ervir, dass Lëtzebuerg nach Progrèse maache muss wat déi sozio-ekonomesch Emanzipatioun vun der Fra ugeet. D'Ongläichheet an den Ënnerscheeder vun der Pai leien iwwer der OECD Moyenne. Och a Puncto Nohaltegkeet a sozial Nohaltegkeet gëtt et dem Mënsch Entwécklungs Rapport no Verbesserungspotential.