8,1% méi wéi virun engem Joer21.038 Leit sinn aktuell op der Sich no enger Aarbecht

RTL Lëtzebuerg
Obwuel et eng Hausse bei de Leit, déi eng Schaff sichen, gëtt, bleift den Taux vum Chômage awer stabel.
© Domingos Oliveira

Enn Februar waren zu Lëtzebuerg 21.038 Persoune bei der ADEM ageschriwwen, also offiziell op der Sich no enger Aarbecht. Dat ass eng Hausse vun 8,1 % am Verglach mam Joer virdrun.
De Chômage-Taux bleift awer stabel mat 6,3 %.

D’Hausse vum Chômage op ee Joer gekuckt betrëfft virun allem méi héich qualifizéiert Leit. Hei si 16 Prozent méi op der Sich no enger Aarbechtsplaz. Bei de Beruffer sinn d’Hausse am Secteur vum Sekretariat, der Informatik an der Comptabilitéit am däitlechsten.

PDF: Chômagetaux vum 20. Mäerz 2026

Am Februar ware bei der ADEM 3.371 nei fräi Plaze gemellt. Dat sinn der 3,2 Prozent manner wéi zejoert ëm dës Zäit. De Gesamtstok vun den disponibelen Offeren um Enn vum leschte Mount louch bei 6.810 Plazen (-5,4 %).

© RTL Grafik

Back to Top
CIM LOGO