Lëtzebuerg steet wirtschaftlech virun enger entscheedender Phas. A senger Neijoerschried en Dënschdeg den Owend huet de Generaldirekter vun der Chambre de Commerce Carlo Thelen virdru gewarnt, datt de wirtschaftleche Wuesstem aktuell net duergeet, fir de Sozialmodell laangfristeg ze finanzéieren.
“Eise Wuesstem läit wäit ewech vun den 3 bis 4 Prozent, déi mir bräichten“, sot de Carlo Thelen um Neijoerschpatt vun der Chambre de Commerce. Wuesstem wier keng ideologesch Fro, mee eng Noutwennegkeet.
Nieft engem schwieregen internationale Kontext mat héijen Energiepräisser an ëmmer méi Reglementer, huet de Carlo Thelen och op intern Problemer higewisen: héich Produktiounskäschten, eng zanter Jore stagnéierend Produktivitéit an eng staark administrativ Belaaschtung géifen d’Betriber ausbremsen. “Et ass net nëmmen d’Ausland, och mir selwer maachen et eise Betriber ze schwéier”, huet hie betount.

Besonnesch alarméierend ass fir den Direkter vun der Chambre de Commerce de Fakt, datt d’Bevëlkerung méi al gëtt. “Vill Leit hunn dat nach net um Radar”, sot de Carlo Thelen a verweist op d’Finanzéierung vu Pensiounen, Gesondheet an Dependance. Dobäi misst Lëtzebuerg gläichzäiteg nei strategesch Ausgabe stemmen a seng Triple-A-Bewäertung behalen.
Trotz de villen Erausfuerderungen an engem deels düstere Bild bleift een awer optimistesch – Lëtzebuerg hätt nach ëmmer eng gutt Ausgangspositioun. Entscheedend wier awer elo d’Joer 2026. “Alles, wat dëst Joer net op d’Schinne gesat gëtt, gëtt kaum nach virun den nächste Walen ëmgesat”, esou de Carlo Thelen. Reformen a Beräicher wéi Kompetitivitéit, Lounkäschten, Logement, Gesondheet an Digitaliséierung wieren elo dréngend néideg.
No engem sozial politesch staarke Joer 2025 misst 2026 d’Joer ginn, an deem d’Wirtschaft nees am Mëttelpunkt steet. “Et geet net ouni Croissance an och net ouni Wettbewerbsfäegkeet”, sou de Generaldirekter vun der Chambre de Commerce.