Réckbléck vum CGDIS2020 hat ee ronn 1.000 Asätz manner wéi nach 2019

RTL Lëtzebuerg
Dat wier net esou vill manner wéi gemengt, sot de Paul Schroeder, wann ee bedenkt, dass mer jo Lockdownen haten a Couvre-feuen.
© RTL-Archiv

Eng 70 Ambulanciere konnte sech an de leschten Deeg schonns impfe loossen. Dat wier den Ufank vun engen 1.200 Leit, déi am Beräich vun den Ambulanzen, dem Samu oder de First Responder-Ekippe beim CGDIS schaffen. Dat sot eis de Generaldirekter vum nationalen Corps vun de Rettungsdéngschter, de Paul Schroeder als Invité am Moiesjournal.

De kompletten Interview mam Paul Schroeder

All Dag wier een den Ament nämlech mat ronn 20 Asätz confrontéiert, wou ee confirméiert Covid-Patiente missten transportéieren.

Iwwert d’ganzt Joer gekuckt kéint ee festhalen, dass de CGDIS eng ronn 1.000 Asätz manner hat, wéi nach 2019.  Dat wier net esou vill manner wéi gemengt, sot de Paul Schroeder, wann ee bedenkt dass mer jo Lockdownen haten a Couvre-feuen.

Duerch d’Pandemie krut de CGDIS awer dëst Joer och eng Rëtsch méi speziell Aufgaben, wéi ufanks déi ominéis Corona-Hotline, oder och d’Verdeele vun de Schutzmasken un d’Gemengen. Momentan géif een och den Dispatching maache vu Covid-Patienten an de Klinicken, fir déi ze verleeën a gläichméisseg opzedeelen, fir Spideeler esou ze entlaaschten.

An den eenzele CGDIS-Zentere wieren natierlech och Covid-Mesuren installéiert ginn, un déi ee sech awer mëttlerweil scho gewinnt hätt, esou de Paul Schroeder, dee confirméiere konnt, dass et bis ewell nach keng noweislech Infektioun vun engem CGDIS-Member op engem Asaz gouf.

Back to Top
CIM LOGO