Mitsubishi Bank20 vun 160 Mataarbechter riskéieren, hir Plaz ze verléieren

RTL Lëtzebuerg
No der Commerzbank, annoncéiert d'Bankegewerkschaft Aleba en Donneschdeg e weidere Sozialplang op der Lëtzebuerger Bankeplaz.
© RTL Archivbild

Dës Kéier geet et ëm d'Mitsubishi Bank op der Areler Strooss. Hie kéinten eng 20 vun den am Ganzen 160 Mataarbechter hir Plaz verléieren. D'Aleba hätt elo Kontakt mat der Direktioun opgeholl. Et hätt ee sech erwaart, datt 2021 e schwéier Joer gëtt, heescht et am Schreiwes. Elo wier ee schonn no zwee Méint mat e puer 100 Poste konfrontéiert, déi um Spill stinn.

PDF: Schreiwes vun der Aleba

Back to Top
CIM LOGO