Op finanziellem Plang kënnt duerch d'Corona-Kris en déckt Lach op d'Gemengen duer, am Hierscht muss ee „Kassensturz“ maachen, an dee finanziellen Impakt vun der Kris ass nach net ofzeschätzen: Sou hu Vertrieder vum Syvicol e Méindeg de Mëtteg bei enger Comitéssëtzung an der Stater Märei den Impakt vun der Kris op d'Gemengefinanze beschriwwen. Et hofft een op en oppent Ouer vun der Regierung. De Syndikat vun de Stied a Gemenge wëll dofir eng Entrevue froe mam Premier Xavier Bettel, zesumme mat eventuell nach anere Ministeren.
De President Emile Eicher huet betount, dass een den 8. Mee eng Circulaire kritt hätt vun der Inneministesch Taina Bofferding. Deemno kriten d'Gemenge ronn 420 Milliounen Euro manner fir hir Budgeten.
Den Emile Eicher, President vum Syvicol: „Mir haten eng Reunioun, ech mengen, dat kënne mer och soen, déi vun der Commission de l'Intérieur an der Commission des Finances zesummen an der Chamber war, wou mer och déi Zuelen nach eng Kéier analyséiert haten. An do si mer zu deene selwechte Resultater komm. D'Basis ass déi: d'Zuelen, déi d'Regierung op Bréissel geschéckt huet, nämlech e PIB, deen ëm ronn 6% erofgeet dëst Joer, d'nächst Joer erëm soll eropgoen, mä mir schwätze jo elo mol vun dësem Joer. An d'Fro stellt sech dann: Wéi kënnen d'Gemenge reagéieren? Wat fir eng Gemengen hu Problemer? Wéi wäit reechen déi Problemer?“
De Syvicol-President Emile Eicher huet nach eng Kéier un dat erënnert, wat hie schonn de leschte Mount an demselwechte Gremium sot, nämlech dass 5 Gemenge Problemer hätten, fir den ordinäre Budget opzekréien, an et wären eng 20 Gemengen, déi, wa se dann all hir Projete géife realiséieren, nach zousätzlech Kreditter géife missen ophuelen.
Insgesamt sinn de Gemengen hir Situatiounen extrem verschidden. Am Ausland hätte Regierunge vill Uecht ginn op hir Gemengen. An Däitschland zum Beispill géif den Ausfall vun der Gewerbesteier zur Hallschent vum Staat iwwerholl ginn. D'Lëtzebuerger Regierung sollt och en Zeeche setzen, dass d'Gemengen net eleng gelooss ginn, huet de Syvicol-President gemengt.
D'Taina Bofferding hätt gesot, dass d'Gemengen, ënner anerem de Fonds de réserve budgétaire sollten notzen, dass sech Gemenge mat hire Servicer sollten a Kontakt setzen. A si huet an enger Chamberkommissioun dovu geschwat, dass de Subsid fir ëffentlech Equipementer sollt erhéicht ginn. De President huet nach betount, dass et zanter 15 Joer net méi zu enger Upassung vun de Plaffonge vu Subside komm wär.
Suerge vu Gemengen um Beispill vun der Gemeng Buerschent
Zu de konkrete Suerge vun enger méi klenger Gemeng sot d'Annie Nickels-Theis, Buergermeeschtesch vu Buerschent, dass ee vun engem Boni, am Budget, vu 400.000 Euro ausgaange wär.
D'Annie Nickels-Theis: „Lo kréie mer matgedeelt, dass mer bis zu 1,6 Millioune manner kréien. Ech mengen, da brauch ech kengem virzerechnen, wat da feelt, fir déi Projete realiséiert ze kréien.“
Projeten, déi een als Gemeng stemme wéilt, a fir déi e Prêt opzehuelen e Risiko wär.
D'Annie Nickels-Theis: „Ech sinn do, ech wëll net soe pessimistesch, awer éischter realistesch, wou ech soen: Mir kënnen awer och elo net soen, fir déi Projeten, déi elo opstoe bleiwen, déi mer net kënne realiséieren, well mer souvill Sue manner kréien, jo dann huele mer Emol einfach e Prêt dofir. Well wéi wëlle mer dann dee Prêt d'nächst Joer, d'iwwernächst Joer rembourséieren, wa mer do net méi Recettë kréien.“
Dobäi missten Investissementer, déi an d'Millioune schloen, deelweis séier realiséiert ginn, sou d'Annie Nickels-Theis. Virum Hannergrond vun där schwiereger Finanzlag vun de Gemenge wëll den Emile Eicher allzäit eng Entrevue mam Premier a mat eventuell nach anere Ministeren hunn.
Atomofäll an der Belsch
E weidere Sujet war d'Strategie vun eisem klengsten Nopeschland a Saachen Atomoffäll. Bis e Samschdeg mussen déi entspriechend Reklamatioune bei der belscher Autoritéit Ondraf era sinn. Viru ronn annerhallwer Woch hätt een dofir eng Resolutioun proposéiert, well een als Syvicol en Zeeche setze wollt.
Den Emil Eicher, President vum Syvicol: „Ech mengen, mir hu si hei jo zu näischt anescht opgefuerdert, fir elo mol déi Pläng op d'Säit ze leeën an nach méi Informatiounen zum Stockage vun de radioaktiven Decheten eis zur Verfügung stellen, dass mer och kënnen en toute objectivité doriwwer diskutéieren.“
D'Resolutioun, déi och un d'Regierung a méi speziell un d'Ministere Bettel, Asselborn, Cahen an Dieschbourg an un d'Benelux- a Groussregioun-Gremie goe soll, gouf e Méindeg de Mëtteg eestëmmeg ugeholl.
Covid-Gesetzer
Doriwwer eraus gouf sech, wat d'Gesetzprojeten zum Verlängere vu verschiddene Mesuren iwwert den Noutstand eraus ugeet, drop gëeenegt, dass vu Videokonferenze vu Gemengerotssëtzunge just wierklech vulnerabel Leit profitéiere sollten, an dat nëmme fir eng limitéiert Zäit.
