Géint 14 Auer koum et e Freideg de Mëtteg op der N5 tëscht Dippech a Bartreng zu engem uergen Accident. Aus bis ewell ongekläerte Grënn ass de Chauffeur vun enger Camionnette, dee vun Dippech erfort koum, mat sengem Gefier vun der Spuer ofkomm, ass op der anerer Säit an de Summerwee geroden a mat der Bäifuerersäit an e Bam gerannt.
De Bäifuerer gouf éischten Informatiounen no beim Accident liewensgeféierlech blesséiert. De Chauffeur huet misse vun de Rettungsekippen aus dem Gefier befreit ginn a gouf ganz uerg blesséiert.
D'Strooss war wéinst dem Accident bis ca 17.30 Auer fir de Verkéier gespaart. De Miess- an Erkennungsdéngscht war op der Plaz.
E Freideg den Owend huet d'Police en Zeienopruff wéinst dem Accident lancéiert. All Informatioune si fir d'Police vu Capellen ënnert der Telefonsnummer (+352) 244-301000 oder per Email u police.capellensteinfort@police.etat.lu.

Géint 11.20 Auer gouf et zu Bollenduerf an der Route de Diekirch en Accident mat 2 Autoen. Hei gouf eng Persoun blesséiert.