
Wéi d'Beamten op d'Plaz komm sinn, hu si effektiv eng futtis Fënster um Rez-de-chaussée vum Haus fonnt an eng verdächteg Persoun ass virun de Poliziste fortgelaf. De Mann, genee wéi eng weider verdächteg Persoun, konnten awer festgeholl ginn a goufen e Sonndeg de Moien dem Untersuchungsriichter presentéiert.
Dësen huet dann e Sonndeg de Moien eng weider Persoun gesinn, déi e Samschdeg de Mëtteg zu Bouneweg probéiert hat, engem eppes ze klauen. Dobäi soll de Mann, deen d'Police geruff hat, vum Verdächtege geschloe gi sinn. No enger kuerzer Sich gouf dësen dann och an der Diddenuewener Strooss fonnt a festgeholl an eben e Sonndeg de Moien dem Untersuchungsriichter presentéiert.