Police2 Permisen agezunn an der Nuecht op e Samschdeg, zu Waasserbëlleg an an der Stad

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Samschdeg huet d'Police Alkoholkontrollen op Uerder vum Procureur d'Etat gemaach.

Tëscht 00.45 an 3.30 Auer goufen zu Réiden an an der Gemeng Préizerdaul d'Automobiliste kontrolléiert. 34 Persounen hu misse blosen. An engem Fall war den Test positiv an d'Persoun krut de e Procès-verbal. Kee krut de Permis ofgeholl.

Kuerz viru 4 Auer koum de Beamten zu Waasserbëlleg ee Gefier entgéint mat ze héijer Vitess a mat de Luuchten aus. De Chauffer hat gedronk, de Permis gouf agezunn.

An der Stad dann um 4.40 Auer ass ee Won laanscht d'Police an och e puer rout Luuchten a Schëlter gefuer. Bei der Kontroll gouf e positiven Alkoholtest gemaach an de Permis agezunn.

Back to Top
CIM LOGO