
Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vun 2 positiv geteste Patienten. Dat sinn der elo am Ganzen 3.947. Vun den Infizéierte sinn der 3.190 Residenten. Den Duerchschnëttsalter vun de Persounen, déi positiv getest goufen, läit bei 46 Joer.
Den Duerchschnëttsalter vun den Doudesaffer läit bei 84 Joer, d'Altersmediane bei 85 Joer. 55 Prozent si Männer a 45 Prozent si Fraen. 64 Prozent vun den Doudesaffer sinn an der Klinick gestuerwen.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 62.260 Tester gemaach. Vun e Sonndeg op e Méindeg ass dat eng Hause vun 107 Tester, vun deenen der wéi gesot 2 positiv waren.
Am ganze goufen 3.190 Residente getest a 757 Net-Residenten. Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et nach 125 aktiv Infektioune ginn an 3.715 Persoune gëllen als geheelt.
Aktuell si 54 (-11) Patienten hospitaliséiert, 8 (-6) dovun op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 905 (+5) Mënschen d'Spidol nees verloossen.

De Reproduktiounstaux läit bei 0,997. Dat bedeit, datt eng Persoun, déi de Virus kritt, am Duerchschnëtt manner wéi eng aner Persoun infizéiert.
