CGDIS2 Mol Accidenter tëscht Auto a Moto

RTL Lëtzebuerg
Um Freideg de Moien huet et direkt 2 mol tëscht engem Auto an engem Moto gerabbelt, dëst um Lampertsbierg an zu Bieles.

Kuerz no 9.30 Auer sinn am Rond-Point Robert Schuman en Auto an e Moto net laanschtenee komm. 1 Persoun gouf blesséiert.

Eng Stonn drop dann huet et zu Bieles an der rue d'Oberkorn gerabbelt. Och hei waren en Auto en e Motorrad am Coup. Eng Persoun gouf verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO