Stad Lëtzebuerg2 Männer hu sech no Iwwerfall duerch d'Bascht gemaach

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, krut e Mann en Donneschdegowend tëscht 17 a 17.30 Auer an der Rue de la Déportation säin Handy geklaut.
© RTL (Archiv)

No engem Sträit tëschent engem Mann an zwee Onbekannte koum et zu enger Ausernanersetzung, wouropshin déi dem Affer säi Brëll a seng Kap vum Kapp gerappt hunn. Deenen zwee ass et och gelongen, dem Mann säin Handy aus der Hand ze räissen.

Ier sech déi zwee Onbekannten a Richtung Zéisseng aus dem Stëbs gemaach hunn, ass et dem Affer gelongen, säi Brëll zeréckzekréien.

D'Police konnt déi zwee Täter net lokaliséieren. Eng Plainte gouf gemaach.

Back to Top
CIM LOGO