
E maskéierten Täter huet sech mat enger Matraque arméiert Zougang an eng Wiertschaft verschaaft, huet de Proprietär menacéiert an ass kuerz drop mat der kompletter Keess fortgelaf.
Zwee Verdächteger goufe kuerz drop no séieren Ermëttlunge gestallt an op Uerder vum Parquet festgeholl. Och déi geklaute Keess gouf net wäit vun enger Schoul an enger Heck fonnt.
Béid verdächteg Männer koumen an Untersuchungshaft.