De Lëtzebuerger Geheimdéngscht huet iwwer laang Joren eng Zort Kartei-Archiv iwwert Leit ugeluecht, déi dem SREL an iergendenger Form opgefall sinn. No der sougenannter SREL-Affär, an där eng Rei Dysfonctionnementer vum Geheimdéngscht op d'Tapéit komm sinn, ass an der zoustänneger Enquêtëkommissioun vun der Chamber decidéiert ginn, dëst Karteikaarten-Archiv ze halen an ënnersichen ze loossen. An dat ass elo zum Deel geschitt.
Et sollt gekuckt ginn, ob deemools Leit ausspionéiert oder beobacht goufen, fir ze kucken, ob si am Kontext vum Kale Krich eng Menace géint de Lëtzebuerger Staat géifen duerstellen.
An dat ass déi lescht zwee Joer geschitt. Zwee Historiker kruten den Optrag dës Datebanken duerchzekucken an eng Selektioun vun historesch relevanten Dokumenter ze maachen, déi sollten an d'Nationalarchiv iwwerdroe ginn. D'Archiv besteet an der Haaptsaach aus Karteikaarten, wéi d'Historikerin Dr Nadine Geisler erkläert.
„Op där enger Säit huet ee jo déi Karteikaarten, déi enger Persoun zougeschriwwe sinn, wou Informatiounen iwwert déi Persoun dropstinn, wéi den Numm, de Gebuertsdatum, wou se hierkënnt, wat se schafft. An op deene Karteikaarte steet och ëmmer eng Nummer, déi Referenz gemaach huet op eng oder méi Mikrofichen. An op deene Mikrofichen waren am Fong d'Dokumenter drop. An déi Dokumenter ware ganz, ganz verschidden. Dat ware ganz banal Dokumenter, soen ech elo mol. Wann eng Persoun de Fliger geholl huet, fir op Moskau ze fléien, da war vläicht och just d'Embarquementskaarten dran. Dat kënnen op där anerer Säit awer och ganz aner Dokumenter gewiescht sinn. D'Dokumenter ware wierklech ganz ënnerschiddlech.“
Et sollt sech iwwerdeems erausstellen, dass et wesentlech méi Material war, wéi uganks geduecht. Dowéinst ass um Enn och keng wëssenschaftlech Aarbecht an deem Sënn erauskomm, ma et gouf sech villméi en éischten Iwwerbléck iwwert dëst SREL-Archiv verschaaft, wéi de Premier Xavier Bettel erkläert:
„Elo geet et drëms ze wëssen, wéi mer solle weiderfueren. Well hei ass jo wéi gesot eng Period gemaach ginn, wou jo ëmmer gesot ginn ass, et sinn esou 6.000, 7.000 Fichen. Mir sinn op Honnerte vu Dausende vu Fiche komm. D'Historiker soen, et ass wichteg, dass iergendeng Kéier déi Aarbecht weidergefouert gëtt. Mä et muss elo mol geraumt ginn. D'Historiker konnten hir Aarbecht maachen, sou dass si – wat ganz wichteg ass – och e Rapport konnte presentéieren, awer net all Dokument konnte kucken, well der eben och esou vill do sinn. Elo muss ee mat der Chamber kucken, ob do eng Demande do ass an e Wonsch do ass, fir déi Aarbecht weiderzeféieren, ob een déi mat der Uni kéint maachen oder wéi een déi sollt maachen. Mä fir d'éischt, mengen ech, ass ze raumen. Vu 60 bis 2001 si vill Joren, wou sech vill ugesammelt huet an et schéngt, wéi wann do och nach eng gewësse Mëscht ze raume wär.“
De Gros vun den Dokumenter géifen am Zesummenhang mam Kommunismus stoen, esou nach d'Historiker. Ëmmerhi wier an där ënnersichter Zäit de Kommunismus kloer de Feind Nummer 1 gewiescht.