
En Auto an e Moto krute sech do op enger Kräizung ze paken. Zwou Persoune goufe blesséiert, de Motosfuerer méi uerg, den Automobilist just liicht. De Motocyclist koum an d'Spidol, nodeems en op der Plaz versuergt gouf.
Op der Plaz waren d'Ambulanz, de Samu an d'Pompjeeë vu Réimech, Mutfert a Kanech.