CGDIS2 Blesséierter no Accident tëscht Auto a Motorrad

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt en Accident e Sonndeg am fréien Owend am Ban de Gasperich tëscht engem Motorrad an engem Auto. Zwou Persoune goufen hei blesséiert.
© Maurice Fick / RTL

De Samu, 2 Ambulanzen an d'Pompjeeën aus der Stad waren am Asaz.

Zu Rolleng huet e Sonndeg den Owend kuerz virun 20 Auer en Haus gebrannt. Wéi de CGDIS mellt, gouf kee blesséiert. Op der Plaz waren 2 Ambulanze vun Esch, grad ewéi den Escher Samu an d'Pompjeeë vu Péiteng, Käerjeng, Suessem-Déifferdeng an Esch.

Zu Käerjeng huet da quasi zäitgläich e Camion gebrannt. Heibäi gouf kee blesséiert.

Um Méindeg de Moie géint 7.30 Auer koum et zu Zéisseng zu enger Kollisioun tëscht 2 Autoen. Bei deem Accident goufen 2 Persoune blesséiert. Zwou Ambulanzen an d'Pompjeeën aus der Stad waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO