Hesper Gemeng2 Beamte sëtzen an Untersuchungshaft

RTL Lëtzebuerg
Zanter en Donneschdeg sëtzen déi zwee Beamte vun der Hesper Gemeng, déi iwwer Jore Sue sollen ënnerschloen hunn, an Untersuchungshaft.

Dat schreift um Freideg de Moien d'Lëtzebuerger Wort. Déi zwou Persoune wieren en Donneschdeg vum Untersuchungsriichter gehéiert ginn a goufen doropshin inhaftéiert.

Hannergrond ass d'Verontreie vun ëffentleche Suen aus der Gemengekeess. Déi Gemengeresponsabel haten eng Plainte géint Onbekannt gemaach. Bis zu 3 Milliounen Euro kéinten eisen Informatiounen no iwwer e méi laangen Zäitraum detournéiert gi sinn.

De Bedruch war Mëtt Juni bekannt ginn. Deemools war d'Hesper Gemeng un d'Presse getrueden. D'Saach soll iwwregens opgeflu sinn, wéi bei enger Assurance nogefrot gouf, wou Indemnisatioune fir Schied dru wären. Du koum eraus, dass d'Suen net op e Gemengen-, mä op en anere Kont gefloss sinn.

Déi zwou concernéiert Persoune waren dono krank geschriwwen. Zanter en Donneschdeg sëtzen si da wéi gesot an Untersuchungshaft.

Back to Top
CIM LOGO