Police2 Automobiliste kruten de Führerschäin ofgeholl

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg den Owend géint 18 Auer ass an der Stad an de rue de Stavelot e Chauffer duerch säi Fuerstil opgefall.

Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, dass en ze vill Alkohol am Blutt hat. De Führerschäin gouf agezunn an de Chauffer gouf protokolléiert.

Um Méindeg de Moie géint 2 Auer gouf en alkoholiséierte Chauffer zu Esch an der rue d'Audun gemellt. Och hei war den Alkoholtest positiv. D'Konsequenz war e Protokoll, an de Führerschäin huet de Chauffer mussen ofginn.

Back to Top
CIM LOGO