Accident mat Blesséierten2 Autoe sinn um Rouscht net laanschtenee komm

RTL Lëtzebuerg
Um Donneschdeg de Moie géint 6.40 Auer huet et an der Route de Biissen um Rouscht gerabbelt, dat op der Héicht vun der ZAC Klengbousbierg.
© De Klautjen

Wéi de CGDIS mellt goufen zwou Persoune blesséiert, op der Plaz waren 2 Ambulanze vun Ettelbréck a Lëntgen, grad ewéi d'Police an de CGDIS vu Biissen.

© De Klautjen

De CGDIS mellt dann eng weider Kollisioun tëscht zwee Gefierer zu Féiz an der Rue du Brill géint 8 Auer. Och hei gëtt et ee Blesséierten. Op der Plaz waren de CGDIS vu Monnerech an de Rettungsdéngscht vun Esch.

D'Police mellt dann um Donneschdeg de Moien en Accident vun e Mëttwoch géint 15.30 Auer op der A13, tëscht Fréiseng an Helleng. Hei war en Automobilist mat sengem Gefier an e Signaliséierungswon vu Ponts et chaussées gerannt an huet sech doropshin iwwerschloen. Béid Persounen am Auto goufe mat liichte Blessuren an d'Spidol bruecht. Wärend den Opraumaarbechte war eng Spuer fir ongeféier 1 Stonn fir den Trafic gespaart.

Back to Top
CIM LOGO