
Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, datt de Chauffer däitlech ze vill gedronk hat. De Permis war op der Plaz fort an de Mann koum an d'Ausniichterungszell.
Um CR234 ass kuerz viru Sandweiler en Donneschdeg géint 18 Auer e Mann mat sengem Won op d'Géigespuer geroden an huet een aner Won touchéiert. Am Gruef ass de Won un d'Stoe komm. Och hei hat de schëllege Chauffer ze vill gedronk.
Um CR119 vum Waldhaff a Richtung Stafelter koum et en Donneschdeg den Owend géint 22.30 Auer zu engem Accident. En Automobilist hat d'Kontroll iwwer säi Gefier verluer, ass vun der Strooss ofkomm, huet sech iwwerschloen an ass um Dach gelant. Och hei war ze vill Alkohol am Spill.