
Wéi d'Cita gemellt hat, koum et en Donneschdeg um 16.02 Auer op der Areler A6, kuerz virum Gaasperecher Kräiz a Richtung Stad, zu engem Accident tëscht e puer Ween. D'Iwwerhuelspuer war op där Plaz blockéiert.
Knapp eng Minutt méi spéit hat et dunn nach emol gerabbelt, an déi aner Richtung, och op der Héicht vum Gaasperecher Kräiz. Hei waren éischten Informatiounen no zwee Autoen an ee Moto dra verwéckelt.
Et hat a béide Richtunge gestaut.