Lampertsbierg2 Abriecher op frëscher Dot gestéiert, si konnten awer flüchten

RTL Lëtzebuerg
An der rue Frantz Clement goufen e Mëttwoch den Owend géint 21.30 Auer zwee Abriecher vun engem Awunner gestéiert, wéi se grad an en Haus agebrach waren.

Si hu sech doropshin direkt a Richtung Avenue Pasteur duerch d'Bascht gemaach a konnten och net vun der Police gestallt ginn.

D'Abriecher waren op eng Veranda geklommen, fir vun do aus eng Fënster um 1. Stack opzebriechen. Si hu verschidde Raim duerchwullt an och Wäertgéigestänn matgoe gelooss.

Back to Top
CIM LOGO