Vum 17. bis den 23. Mee182 Infektiounen an de Schoulen, 60 manner wéi nach déi Woch virdrun

RTL Lëtzebuerg
D'lescht Woch sinn 182 Corona-Fäll an de Schoulen detektéiert ginn, dat deelt den Educatiounsministère mat. Déi Woch virdru waren et der nach 242.

Déi allermeeschte waren Eenzelfäll mat 164 Infektiounen a 44 Primärschoulen a 35 Lycéeën.

15 Fäll goufen am sougenannten Zenario 2 registréiert, wou et maximal 2 Infektioune bannent enger Klass goufen. Dat an 3 Primärschoulen an 8 Lycéeën.

Am Zenario 3 goufen 3 Fäll an engem Lycée erfaasst. Zenario 3 bedeit, dass 3-5 Persoune bannent enger Klass positiv getest goufen.

En Zenario 4 gouf et keen, wëll heeschen, dass bannent kenger Schoul ee Cluster festgestallt gouf.

PDF: Coronafäll an de Schoule vum 17. bis 23. Mee

Back to Top
CIM LOGO