Parlamentaresch Fro18.247 Persoune krute Pneumokokken-Impfung rembourséiert

RTL Lëtzebuerg
Dat äntwert d’Gesondheetsministesch Lenert op eng parlamentaresch Fro vun der DP-Deputéiert Carole Hartmann.
© AFP (Archiv)

Am Laf vum leschte Joer huet d’Gesondheetskeess 18.247 Leit rembourséiert, déi eng Pneumokokken-Impfung kaf hunn.

Zanter Mëtt 2018 gëtt et eng entspriechend Konventioun tëscht dem Staat an der CNS, dass Leit iwwer 65 Joer, respektiv Risiko-Patienten d’Käschte vun deem Vaccin zeréckkréien.

Am Laf vun 2020 hätt ee gemierkt, dass d’Demande e gutt Stéck méi grouss war, wéi nach déi Jore virdrun, beleet d’Ministesch an enger Zuelen-Tabell.

PDF: Déi parlamentaresch Fro an d'Äntwert

Back to Top
CIM LOGO