Impfflicht, Bodycam fir Polizisten an Dashcam17 nei Petitioune kënne vun elo un ënnerschriwwe ginn

RTL Lëtzebuerg
Zanter dësem Freideg si weider ëffentlech Petitiounen op, fir kënnen ënnerschriwwen ze ginn.

Dës brauchen da 4.500 Ënnerschrëften, fir ëffentlech debattéiert ze ginn. D'Uleiesse vun de Petitionäre gi queesch duerch de Gaart.

Eng dovunner freet zum Beispill, dass de Covid-Vaccin misst obligatoresch ginn. Aner Petitioune froen, dass d'Vollek seng Ministere selwer eraussichen dierf oder dass eng Uewergrenz vum Metercarré-Präis um Immobiliëmarché misst agefouert ginn.

Mat Bléck op d'Mobilitéit goufen der direkt e puer eragereecht. An enger geet et ëm d'Erlabnis, fir mat engem 125ccm-Moto-Führerschäin duerch ganz Europa däerfen ze fueren. An enger anerer gëtt sech géint d'Privatiséierung vum ëffentlechen Transport agesat. Da freet eng Petitioun eng streng Iwwerwaachung vum "Autosolismus zu Lëtzebuerg". Donieft fuerdert eng Petitioun, dass déi erlaabte Maximalvitess op den Autobunne soll no Mëtternuecht op 160 km/h eropgesat ginn an op de Landstroossen op 100 km/h. D'Dashcams fir am Auto stinn an enger anerer Petitioun am Mëttelpunkt. A puncto Kamerae setzt sech eng weider Petitioun mat der Bodycam fir Polizisten ausenaner.

Weider Petitiounen, déi vun elo u kënnen ënnerschriwwe ginn, fannt Dir um Site vun der Chamber.

Back to Top
CIM LOGO