Um Chambersite16 nei Petitioune vun elo un online

RTL Lëtzebuerg
Vun dësem Dënschdeg u si weider 16 ëffentlech Petitiounen op, déi bis den 8. November kënnen ënnerschriwwe ginn.
© RTL Archivbild

D'Theme ronderëm déi nei Petitioune si breet gefächert, nëmmen 3 Mol geet ëm de Covid-19, wou zum Beispill méi Fräiheet fir Geimpfter gefrot gëtt. Eng aner freet gratis PRC-Tester an déi 3. eng obligatoresch Impfflicht.

Keng Theoriescoursen a keen Exame méi, wann ee schonn ee Fürerschäin huet an dat alles schonn hannert sech huet, ass dann eng weider Demande.

Bei zwou Petitioune geet et ëm Kanner: E Recht op eng Plaz an der Maison Relais oder engem Foyer scolaire an dass een als Jonggesell adoptéiere kann.

Eng Petitionärin freet nach, dass den Taux vun den Aarbechtsstonne no 10 Joer an engem Betrib fir Leit mat Mindestloun an ouni Diplom revaloriséiert gëtt.

Eng Petitioun wëll déi net-franséischsproocheg Gesellschaft fërderen an Englesch als offiziell Landessprooch.

Da gëtt nach gefrot, d'Unzuel u Joren, fir d'Lëtzebuerger Nationalitéit automatesch ze kréien, vun 20 op 10 Joer gesat ginn, wann een e Lëtzebuergeschcoursë mécht.

Eng aner Petitioun freet e Verbuet, fléissend Waasser ze benotzen, fir Datazenteren ze killen. Da gëtt nach gefuerdert d'Hénger vun der Käfeghaltung ze befreien an Eeër vun der Kategorie 2 an 3 ze verbidden.

E weidere Verbuet gëtt gefrot, wann et ëm d'Droe vu Gilete geet baussent Uertschaften owes a bei schlechter Siicht a nach eng Petitioun fuerdert eng méi séier Streck tëscht Lille a Lëtzebuerg.

Ziel vun enger Petitioun ass, datt d'Regierung oder d'Chamber e Referendum iwwer d'Verfassungsreform organiséiere soll an domat d'Wieler iwwer déi nei Verfassung decidéiere léisst.

D'Thema Steieren ass och nees dobäi. E Petitionär freet d'Steierbefreiung bei der Vente vu geierften Immobilien un eng Persoun, déi do hire Wunnsëtz umelle wëll an och géint d'Logementskris kann een eng Petitioun ënnerschriwwen.

All d'Petitioune fënnt een um Site vun der Chamber.

Nei Petitiounen, déi vum 28. September u kënnen ënnerschriwwe ginn:

  1. Fräiheet fir d'Covid-19 Geimpfter an dovun geheelte Leit (1980)
  2. Keng Theoriescoursen an keen Theoriesexamen méi wann een schon een Führerschäin huet wou een den Theoriesexamen maachen an packen misst! / Plus de cours théoriques et plus d'examens théoriques si on a déjà un permis de conduire où on a passé et réussi l'examen théorique ! (1981)
  3. Een Recht fir Kanner op eng Plaz am Foyer Scolaire/Maison Relais (1982)
  4. Revalorisation du taux horaire au travail dès 10 ans d'ancienneté / ( pour le salaire minimum non qualifié sans diplôme reconnu ) / Tous métiers confondus au Luxembourg (1983)
  5. Diminuer le nombre d'années pour obtenir la nationalité luxembourgeoise automatiquement, au lieu de 20 ans juste 10 ans pour les résidents, accompagnée d'une participation de formation de la langue luxembourgeoise (1984)
  6. Droit à l'adoption en tant que célibataire (1988)
  7. Pour une interdiction de l'utilisation d'eau potable coulant continuellement pour refroidir les centres informatiques (datacenter). / Für ein Verbot der Nutzung von fließendem Trinkwasser zur Kühlung von Datenzentren (1991)
  8. Sortons les poules des cages !!! Interdiction de la vente des oeufs de categorie 2 et de categorie 3 / Ban the sale of eggs category 2 and category 3 - eggs from caged chickens (1992)
  9. Contre l'obligation de porter un gilet de sécurité réglementaire pour tout piéton en dehors des agglomérations pendant la nuit ou en cas de mauvaise visibilité. / Abolition de l'infraction 170-07 du Code de la route (modification par les règlements grand-ducaux nos 33 et 34 du 27 mars 2008). / Gegen die Warnwestenpflicht für alle Fußgänger außerhalb der Ortschaften nachts und bei schlechter Sicht. (1994)
  10. Accroître le taux d'attraction des talents non francophones et l'intégration mondiale : faire de l'anglais une langue officielle du Grand-Duché de Luxembourg (1997)
  11. Pétition contre la crise du logement (2000)
  12. Trajet Lille - Luxembourg plus rapide (2006)
  13. E Referendum iwwert ons Verfassungsreform (2007)
  14. Exonération d'impôts lors de la vente d'un bien immobilier hérité à une personne y déclarant sa résidence principale (2008)
  15. Tests PCR gratuits aux résidents (2011)
  16. Pétition pour la vaccination obligatoire COVID19 de la population (2013)

LINK: All d'Petitiounen um neie Site vun der Chamber

Back to Top
CIM LOGO