
De Lëtzebuerger Tourismussecteur boomt weiderhin. 2025 war jo schonn e Rekordjoer an och déi éischt Méint vun 2026, vu Januar bis Juli, weisen weider Haussen: 3 Prozent méi Arrivéeën a 6 Prozent méi Iwwernuechtungen. Extrem prononcéiert ass de Succès op de Campingen gewiescht. D’Campings-Bedreiwer mellen nämlech 13 Prozent méi Iwwernuechtungen. Dat ass enorm a wier och net just dem gudde Wieder geschëlt, sou den zoustännegen Minister Lex Delles.
"Dat huet verschidden Ursaachen. Éischtens mol ass d'Qualitéit vun eise Campingen hei zu Lëtzebuerg formidabel. An deene leschte Joren ass immens an d'Campingen investéiert ginn, fir d'Angebot kënnen ze steigeren an awer och natierlech dat gutt Wieder, wat matgespillt huet trotz enger Hëtztwell, déi do war, wou et och verschidden Annulatioune gouf, gesäit een, dass et awer ganz positiv ass. An natierlech och en Trend a ganz Europa zu méi Natur, zu méi Camping ass."
Déi meescht Touriste kommen ëmmer nach aus Holland. Direkt duerno sinn d'Leit virop aus Däitschland, der Belsch a Frankräich. Et géing een awer och gesinn, dass ëmmer méi Leit aus den USA, England, Spuenien an Dänemark kommen. Wat d'Visiteurszuele méi an d'Luucht ginn, wat ee sech och ëmmer besser op den Phänomen vum sougenannten "Over-Tourism" muss virbereeden, spréch voll Plazen, Kaméidi a Knascht. Do wiere mer awer nach weit fort.
"Natierlech ass Over-Tourismus e wichtegen Deel. Mir sinn hei net, dass mer esou Zoustänn hu wéi zu Venedeg zum Beispill, wou d'Leit wierklech gestéiert ginn an hirem Alldag. Vläicht hu mer dat hei zu Lëtzebuerg op verschiddene Wanderweeër punktuell emol. Grad dofir ass et interessant, dass mer eis Visit-Luxembourg-App hunn zum Beispill, déi eeben och kann eng Besucher-Lenkung maachen. Wa mer wëssen, dass op enger Plaz vill Leit sinn, ma da kann een do aner touristesch Attraktiounen an de Vierdergrond setzen, fir d'Touristen dann dohinner kënnen ze drainéieren. Dat si Punkten, wou mer scho ganz proaktiv dru schaffen."
Ganz wichteg wier och, dass d'Lëtzebuerger Residente dem Tourismus positiv gesënnt sinn, erkläert de Minister.
"Mir gesinn, dass iwwer 75 Prozent vun de Residenten den Tourismus als positiv hei zu Lëtzebuerg aschätzen. Mir gesinn och, dass de Gros vun de Leit och hei zu Lëtzebuerg nach wëlle weider Investissementer an den Tourismus, well all Euro, deen an den Tourismus investéiert gëtt, ass en Euro, deen an d'Liewensqualitéit vun de Leit investéiert gëtt."
E Sonndeg war de Weltdag vum Tourismus, deen als Fokus d'Digitaliséierung an d'Kënschtlech Intelligenz hat. An dem Kontext huet de Lex Delles confirméiert, dass och hei am Land d'KI am Tourismus eng ëmmer méi wichteg Roll huet.
"KI an Date spillen ëmmer méi e grousse Rôle och am Tourismus, wann ee gesäit, dass elo schonn 12 Prozent vun de Leit iwwer KI kucken, wéi se eng Destinatioun kënnen entdecken, da mussen déi Daten, op déi d'KI zréckgräift, och organiséiert sinn a propper sinn. Dofir schafft LFT Luxembourg for Tourism ganz staark do drun, iwwert déi lescht Jore schonn, fir d'Datebanken uniform ze halen an awer och déi richteg Informatioune kënne KI-ready erauszeginn. Dass och wierklech den Tourist, dee sech wëll iwwer Kënschtlech Intelligenz informéieren, "wat fannen ech zu Lëtzebuerg, wéi een Tour kann ech maachen, wat kann ech zu Lëtzebuerg maachen?", dass en och déi richteg Donnéeën do fënnt, dass déi organiséiert an och kontrolléiert richteg sinn."
Beléiftsten Attraktioune sinn iwwregens ëmmer nach de Parc Merveilleux zu Beetebuerg, de Mëllerdall-Trail, d'Bock- a Péitruss-Kasematten an, net ze vergiessen, d'Veianer Schlass.