Coronavirus zu Lëtzebuerg13 nei confirméiert Fäll, Zuel vun Doudesaffer klëmmt op 73

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vu Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, ëm 1 geklommen ass.

D'Altersmediane läit bei 85 Joer. Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vun 13 positiv geteste Patienten. Dat sinn der elo am Ganzen 3.550.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 33.666 gemaach. Zanter e Samschdeg waren et der 414 an dovunner waren der 13 positiv.

Aktuell sinn 181 Patienten (+1) hospitaliséiert, 31 (-1) dovun op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 627 Mënschen (+26) d'Spidol nees verloossen.

Back to Top
CIM LOGO