
Aktuell si 54 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 12 Patienten op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 861.331 Impf-Dosisse genotzt. 2.236 Leit sinn e Méindeg geimpft ginn. 421.879 Awunner gëllen als komplett geimpft.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,02. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.